Eis Vereenegung
Wee sinn mir?
Mir sinn motivéiert Elteren déi e bësse vun hirer Fräizäit opfere fir zesummen u Projeten ze schaffen déi all de Kanner an der ganzer Schoul ze gutt kommen! 100% vun eise Suen a Projeten déi de Kanner an eiser Schoul ze gutt kommen.
Mir treffen eis +/- 10 mol pro Joer fir Comitéée Versammlungen am Sall Batty Weber zu Stadbriedemes.
Grënnung
10.11.1999
14 Grënnungsmemberen
1. Präsident: Pierre Zahlen
Ziel an Zweck
- Den Elteren aus der Gemeng eng Plattform ginn an si an der Schoul a bei der Gemeng representéieren
- Den Dialog tëschent den Elteren, dem Léierpersonal an der Gemeng förderen
- Op d’Sécherheet vun de Kanner um Schoulwee an am Schoulgebei Uecht ginn
- Engagéiert sech am Beräich Kanner an Elteren aus der Gemeng a setzt sech an éischter Linn fir d’Wuelbefanne vun de Schoulkanner an hirem schouleschen Ëmfeld an.
- Ënnerstëtzt all d’Moossnamen déi der Förderung vun der Erzéiungsgemeinschaft Elteren/Schoul déngen.
- Leet grousse Wäert op eng gutt Zesummenaarbecht mam Schoulpersonal, der Gemeng, der Maison Relais an den Elterevertrieder.
- Vertrëtt d’Uleien an d’Interesse vun de Famillen, Elteren a Kanner duerch Kontakt mat Institutiounen, Organisatiounen a politeschen Behörden (an zwar ëmmer am Respekt vun de Gesetzer a Reglementer déi an eisem Land den ëffentlechen Unterrecht bestëmmen).
- Fördert de Meenungsaustausch ënnert de Memberen an organiséiert famillgerecht Aktivitéiten.
- Hëlt sech regelméisseg Themen un déi de Schoulalldag verbesseren.
Mir schafen wirtschaftlech awer nët Gewënn orientéiert (asbl).
Mir sinn politesch a konfessionell neutral.